Gëster war zu Leideleng di letzt Manche vum nationale Cross (an dem Skoda Cross Cup) fir des Saison. Op dësem internationale Cross, kënnt de Gusty als 11. an domadder 1. Lëtzebuerger un a bestätegt domadder seng staark Form zum Schluss vun der Saison. Lo musse mer ofwaarden an hoffen ob e vun der FSCL fir d'WM am CX zu Valkenburg nominéiert gëtt. Fir de VFGB war och nach de Philipp um Départ, deen sech am Bulli op der 30. vun 40 Plaze behaapte konnt.

Hei na e Video vum G. Bonifas op der Säit vum Gusty: https://www.facebook.com/663811607053374/videos/1232873866813809/

Mir gratuléieren och dem Vincent Dias Dos Santos, deen d'Generalklassement vum Skoda Cross Cup dës Saison gewonnen huet. Hei kennt de Gusty op di 5. Plaz.