E Samsdeg war eisen Nowues mam Kylie a Kim Bintz zu Scheffleng op enger Course.

D'Kylie gett am Gesamt 3. an 2. Letzebuerger als 1. Meedchen. Hatt huet wéi gewinnt mat sengem Bletzstart lassgeluecht an déi aner konnten kucken hannendrun ze kommen. Et war een Franzous deen sech bis un d'Enn vun der eischter Ronn un d'Spetzt gesaat haat an sech dunn eng Minutt Avance op deen eischten Lëtzebuerger erausgeschafft, wou d'Kylie direkt hannendru koum. D'Kylie huet domadder am Elpi-Cup gewonn an huet domat am Allenggang de VFGB op di 4. Plaz am Gesamtklassement bruecht.

De Kim huet sech no engem schwieregen Depart bis op dei 4. Plaz novir schaffen. Am Laf vun der Course war heen och zeitweileg 3., mee duerch technesch Pronlemer ass an zum Schluss als 4. kuerz hannert dem 3. iwwert de Strech gefuer. PS: Denkt och drun dat den 1. Oktober eisen 1. Cyclocross fir des Saison zu Bruch ass, méi Infoen op Facebook oder op www.vfgbruch.lu