Um Weekend war de VFGB rem ganz aktiv:

De Jacques ass um G-Skin MTB Trophy un den Départ gaang a konnt mat enger 3. Plaz an der 11. vun 12 Manche (2. bei der Elite) seng 2. Plaz am General vun der G-Skin Trophy verdeedegen!

De Philipp ass a China um 1. Cyclocross vun der Saison (Qiansen Trophy C1) ennerwee. Hei fiert heen op eng exzellent 32 Plaz enner 59 internationale Konkurrenten an huet domadder schonn d'WM-Norm erfellt!

De Nels war op der Charly Gaul zu Iechternach um 100km Parcours ennerwee an huet eng gutt 59. Plaz (vun 752) an 2:51:40 beluecht. De Pascal an Eric hunn et mi gemittlech bei der grousser Charly Gaul vun 163km ugoe geloss a rullen zesummen als 431 (vun 497) an 6:18:42 an d'Arrivée.