Leschte WE stungen eng Rei Coursen um Programm:

Samsdes ass de Kim Bintz um CX zu Miersch 13. vu 25 bei den Débutants ginn. Bei der Elite/Espoirs ass de Gusty bei 38 Athleten op di 8. Plaz komm.

Sonndes war de Philipp Bützow beim MTB Marathon Championnat um Départ a konnt d'Bronze-Medaille hannert dem Sören Nissen an dem Misch Leyder gewannen! Gratulation!!

De Gusty war nach emol e Sonndeg um Départ vun engem CX a Frankräich, wou en eng 6. Plaz ennert 33. Athlete konnt beleen.