De Weekend ware rem vill vun eise Coureur'en ënnerwee. Op der bekannter Charly Gaul zu Iechternach ass de Gusty Bausch op den 153 km den 110. ginn, den Eric Besenius den 395. an de Claude Boden den 427.

Op den 89 km war et eng 48. Plaz fir de Pascal Bormann.

Um MTB waren den Eric Gleis an de Philipp Bützow op der Manche vun der G-Skin Trophy zu Athus um Départ. Den Eric gett 7. bei der Elite an de Philipp 9.